• Reisesuche
  • Ihr Konto

Meine Reiseangebote

Logo Faceebook Finde uns auf Facebook

  • Aktuell ausgewählte Reisereportage
  • Weitere Reportagen und Tips

01-07-2011

BON BINI, häerzlech Wëllkomm ob den Hollänneschen Antillen

ABC Inselen, sou ginn och nach di Hollännesch Antillen genannt. A fir Aruba, B fir Bonaire an C fir Curaçao; allerdéngs misst et ACB sinn. Esou leien d'Inselen nämlech ronn 40 km virun der Venezualenescher Küst an der Reiefolleg. Di 3 Insele si ganz verschidden, an hunn all hiren eegene Flair. Ideal ass et fir di 3 Inselen zesumme mat Island Hopping ze kombinéieren, wat een zimmlech einfach mat engem klenge Flug vu maximal 40 Minutte ka maachen. Eng Fährverbindung existéiert net. "Dutch Antilles Express" an "Insel Air" fléien e puermol am Dag tëscht den Inselen hin an hier.

WËSSENSWERTES

D’ABC Insele si fir Jonk an Al, vu Lëtzebuerg aus ass een an 9 Stonnen do, e Flug vu Lëtzebuerg iwwer Amsterdam an d’Paradäis. Wou dir e ganzt Joer iwwer kënnt higoen a konstant ëm di 30 Grad hutt, net braucht ze fäerten dass en Hurrikan Iech erwëscht, well d’Inselen ausserhalb vum Hurrikan-Rank leien. Vun Oktober bis Dezember kann een dann awer mol an eng Reeschauer geroden.

Op den ABC Inselen schwätzt dir Englesch oder Hollännesch, d’Insulaner hunn hire Papiamento mat deem se sech verstännegen, dëst ass eng Mëschung aus Spuenesch, Franséisch an Englesch.

D’Iessen ass international gemëscht, vum argentinesche Steakhouse, iwwer Hardrock Café, Italienesch, Chinesesch an natierlech di exzellent karibesch Kichen.

Dir kënnt iwwerall mat US Dollar oder Kreditkaart bezuelen, dir kritt awer einheimesch Wiesselgeld zréck. Zu Aruba kritt dir Arubanesch Florinen zréck, zu Bonaire a Curaçao kritt dir Florinen vun den Hollänneschen Antillen zréck, di ënnerschiddlech zu deene vun Aruba sinn.

Impfunge braucht dir keng. Allerdéngs ass eng gutt Sonnecrème net vu Muttwëll. D’ABC Insele sinn  einfach nëmmeneng Rees wäert.

 

ARUBA, „One happy Island“ ass di klengst vun den ABC Inselen, mä eng ganz villsäiteg Insel. Et ass déi Insel wou am meeschte lass ass. Hei leet ee sech scho mol gär an d’Sonn op ee vun deene schéinste Stränn an der Karibik. Niewent dem Relaxe kann een awer och d’Visa brenne loossen, well hei ass alles „Taxfree“. Nom ville Geld ausginn, kënnt dir dann owes an engem vun den Casinoen äert Gléck probéieren. Ausserdeem hutt dir eng Hellewull un Ausfluchsméiglechkeeten zu Aruba. An der klenger Haaptstad „Oranjestadt“ kann een am Hafen en Tour vun 20 Minutte mam Helikopter iwwert d’Insel maachen, woubäi een di schéinsten Andréck kritt. Dir kënnt eng Submarine Fahrt maachen, d’Ënnerwaasserwelt entdecken oder awer och en DeepSeaFishing -Ausfluch maachen, eng Jeepsafari oder eng Quadsafari duerchden Nationalpark buchen, wou dir ënner anerem eng Natural Bridge gesitt, e Ritual vun den Arubaner kënnt matmaachen, an nach villes méi,…

BONAIRE, 290km2 grouss, mat der klenger Haaptstad „Kralendijk“, nennt sech „DIVERS PARADIES“ - hei kënnt all Waasserrat op seng Käschten, Hoteller mat Tauchschoule fannt dir hei iwwerall, mä och Schnorcheler kommen zu hire Gonschten, ech selwer hunn hei d’Schnorchelen entdeckt. Bei enger Promenade laanscht d’Mier kënnt dir d’Fësch an hire schéinste Formen an Faarwen duerch dat glaskloert Waasser bewonneren, oder bei engem gudden Iessen op enger Terrasse. Op jidde Fall musst dir Iech en Auto lounen, an en Tour iwwert d’Insel maachen, wou dir een Dag am „Washington Slagbaai Nationalpark“ verbréngt, an d’Natur genéisst. Riseg Kaktussen, Leguanen an Eidechsen an deene schéinste Faarwen a verschiddenste Gréisste kann een do bewonneren. Op der anerer Säit vum Nationalpark fuert dir laanscht Salinen, Flamingoen a kënnt op enger Terrasse de Sonnenënnerganggenéissen.

CURACAO ass di gréisst vun deenen 3 Insele mat 444 km2. D’Haaptstad „Willemstad“ huet hei sou Munches ze bidden. Eng Kulisse vun Haiser an alle Faarwen, e schéinen Hafe mat der klenger „Emma Bridge“, déi et de Foussgänger méiglech mécht duerch den Hafe vun Punda op Otrobanda ze kommen (wann d’Emma Bridge op ass, gëtt ee mat enger klenger Fähr vun enger Säit op déi aner gefouert). D’Autoe fueren iwwert hir grouss Schwëster „d’Juliana Bridge“. Zu Willemstad hutt dir awer och den deeglechen „Floating Market“, wou Schëffer aus Venezuela a Kolumbien frësch Uebst, Geméis a Fësch op d’Insel bréngen. Net ze vergiessend’Curaçao Brennerei. Hei kenne mir de Blue Curaçao,…deen een och schmaachen a kafe kann. Zu Curaçao kann een ënner anerem dann och en Tour iwwert d’Insel maachen, wou een eng Fahrt duerch de Christoffelpark mat sengen enormen Kaktussen mécht, duerch den High Society Veirel Jan Thiel fiert, an d’Villaë vun ënner anerem der Famill Van der Vaart gesäit, Aloe Vera Plantagen gesäit an e Besuch op enger Straussefarm mécht. Zu Curaçao kënnt dir och tauche goen an d’Ënnerwaasserwelt beobachten. Deen net tauchen an awer schéi Fësch an/oder eng Delfinshow gesinn wëll, kann dat am Seaquarium am Yachthafe maachen. Lëtzebuerg ass hei och bekannt, an zwar duerch eis Schleck-Bridder, déi hei schon Trainingen haten. Och zu Curaçao kënnt dir bei engemgudden Iessen am „Riffort“ oder „Fort Amsterdam“ der Sonn nokucken wéi si schlofe geet oder ganz einfach d‘Insulaner beobachten.

 

Dës Reesreportgage gouf geschriwwe vum:


Dostert Anne
, gebuer den 04.02.1986
Hobbyen: Reesen, liesen, schwammen an Musek lauschteren.

Sinn am 5. Joer bei Voyages Emile Weber a schaffen an der Agence vum Cactus Miersch.
Ech hunn dëse Beruff gewielt well en sou villfälteg ass, well ech gär am Kontakt mat Leit sinn, well ech selwer gär reesen an mech vir Kulture vun anere Länner intresséieren, an ëmmer rëm gär nei Saachen entdecken.
Mäin Dramzil: Australien an Neiséiland.

 

15-09-2011: Mexiko Im Reich der Maya und Azteken

Exotisch, kunterbunt und aufregend anders lässt sich Mexiko wohl ohne Übertreibung als Reiseziel der unbegrenzten Möglichkeiten beschreiben. Neben den Jahrtausende alten Kulturschätzen der Maya und Azteken wetteifern... (mehr...)

01-07-2011: BON BINI, häerzlech Wëllkomm ob den Hollänneschen Antillen

ABC Inselen, sou ginn och nach di Hollännesch Antillen genannt. A fir Aruba, B fir Bonaire an C fir Curaçao; allerdéngs misst et ACB sinn. Esou leien d'Inselen nämlech ronn 40 km virun der Venezualenescher Küst an der... (mehr...)

01-07-2011: Singapur - eine Metropole der Superlative und Kontraste

Kaum eine andere Stadt auf der Welt ist so schnelllebig und wandlungsfähig wie Singapur. Falls Sie denken die Stadt zu kennen, nur weil Sie vor einigen Jahren mal dort waren, muss ich Sie leider enttäuschen. Wo gestern noch ein... (mehr...)

24-06-2011: ESCAPADE THAIE FINE

Chapelets d'îles paradisiaques, plages de sable blanc, mai thaï et festivités. Voilà ce qui nous vient à l'esprit lorsqu'on évoque la Thaïlande, escale touristique numéro un de l'ancien royaume de Siam, à coté de Phouket, Koh... (mehr...)

24-06-2011: Il était une fois ... ARTHEMA

ARTHEMA, c'est le voyagiste belge spécialisé dans les voyages culturels et de découvertes, ... (mehr...)

26-04-2011: Teneriffa

Ein maurischer Geheimtipp aus 1001 Nacht: Das Hotel Jardin Tropical an der Costa Adeje Teneriffas (mehr...)

22-03-2011: Verliebt in Schottland

Europas Vorposten im Nordwesten zeigt sich als Land der Kontraste. Grandiose Naturlandschaften treffen auf die ungleichen Metropolen Glasgow und Edinburgh, keltische Wurzeln mischen sich mit der Moderne, Avantgardearchitektur... (mehr...)

17-12-2010: Berlin mit Schnauze und Herz

In Berlin gibt es unglaublich viel zu entdecken. Um einen Überblick über die wichtigsten Sehenswürdigkeiten zu erhalten, bietet sich eine Fahrt mit der Buslinie 100 an ... (mehr...)

30-08-2010: Zypern - Wo Aphrodite dem Meer entstieg

Seit der Antike ist Zypern eine Urlaubsinsel, die selbst bei den griechischen Göttern beliebt war: Aphrodite, die Göttin der Schönheit, sei hier nackt einer Muschel entstiegen, die sie bei Sturm an den Strand gespült habe. Die... (mehr...)

24-08-2010: Sizilien

SIZILIEN, mit griechisch-römischer Kultur, erwies sich im Jahre 2008 als perfekt ausgewähltes Urlaubsziel. Es war bereits stockdunkel, als das Flugzeug in Catania landete, und während der Fahrt nach Taormina forderte der... (mehr...)

13-08-2010: Destination Thaïlande

Connue autrefois sous le nom de Siam, la Thaïlande est un véritable carrefour des peuples, des langues et des cultures. (mehr...)

23-07-2010: Jeder Tag eine neue Entdeckung

Auf Safari im Krügerpark unterwegs, bei einer Ruderregatta auf dem Titicacasee dabei, Blasrohrschießen im Dschungel Borneos - das Abenteuer ruft bei Marco Polo auf fünf Kontinenten. (mehr...)

06-07-2010: Düsseldorf Shoppen, Ausgehen und relaxen

Deutschlands Städte entdecken : Wer Düsseldorf hört, denkt gleich an die 'Kö' die Prachtstraße Königsallee. Durch einen Stadtgraben geteilt und gleichzeitig verbunden durch dekorative Brücken, Skulpturen und Brunnen, zählt die... (mehr...)

06-07-2010: Stuttgart Kultur, Architektur und schwäbische Bodenständigkeit

Deutschlands Städte entdecken : Mittelpunkt von Stuttgart ist der Schlossplatz: Die barocke Gartenanlage mit Brunnen, Musik-Pavillon und Jubiläumssäule ist im Sommer bevölkert von Menschen und lädt zum Gucken und Genießen ein. (mehr...)

25-05-2010: Abenteuer Island

Im August 2008 erfüllte ich mir meinen großen Traum mit einer Reise nach Island, der Insel aus Feuer und Eis. Dieser Bericht lieferte uns Jessica Rospek. (mehr...)

24-05-2010: New York City

Trois illustres initiales qui traduisent à elles seules la ville la plus mythique du monde. New York, officiellement City of New York, autrement connue sous les noms et abréviations de New York City, NY ou encore NYC. (mehr...)

Hobby-Reisereporter

Werden auch Sie Hobby-Reisereporter und schicken Sie uns Ihre Reportage (max. 4500 Zeichen) sowie Begleitfotos an:

Voyages Emile Weber
15, rue d'Oetrange
L-5411 Canach

Alle Veröffentlichungen werden mit einem Reisegutschein von 100 Euro prämiert.