Schulbusbegleiter/in

Mir sichen de Moment Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir an verschidden Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vun Kanech mam Schoulbus matzefueren.

Klickt hei fir Äer Bewerbung eranzegin!

Als eng vun de féierenden Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 1700 Mataarbechter. Mir sinn ëmmer erëm op der Sich no motivéierten Mataarbechter.

 

D‘Plaz

  • Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat
  • Dir suergt fir en stressfräien a sécheren Schoulwee mam Bus
  • Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus
  • Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bleiwt

Äre Profil

  • Dir sidd pünktlech, verantwortunsgbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen
  • Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch
  • Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhalen vun de Kanner fréihzäiteg z’erkennen an entspriechend rouheg ze handelen
  • Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.
  • Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.

Eis Offer

  • Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass
  • E Contract CDD fir 20 Stonnen d’Woch
  • Eng Plaz, déi direkt disponibel ass
  • Aarbechtsplaz: Canach

Sidd Dir Interessiert? Dann kann dat geschwënn Är Plaz sinn.

Startseite | Jobs | Schulbusbegleiter/-in (m/w/d)
  •  Deutschde
  •  Englishen