Schulbusbegleiter (w/m/d)

Als eng vun de féierenden Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 1.300 Mataarbechter. Mir sinn ëmmer erëm op der Sich no motivéierten Mataarbechter.

Mir sichen de Moment Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir an verschidden Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vun Kanech mam Schoulbus matzefueren.

D‘Plaz

  • Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat
  • Dir suergt fir en stressfreien a sécheren Schoulwee mam Bus
  • Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus
  • Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bleiwt

Äre Profil

  • Dir sidd verantwortunsgbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen
  • Dir schwätzt gutt Lëtzbuergesch, Däitsch an Franséisch
  • Dir sidd à même en éventuellt ondisziplinéiert Verhalen vun de Kanner fréihzeiteg z’erkennen an entspriechend rouheg ze handelen
  • Dir wunnt idealerweis an der betreffender Gemeng oder an der direkter Géigend (fakultativ)

Eis Offer

  • Eng interessant Plaz an enger dynamischer Entreprise, déi weider um Wuessen ass
  • E Contract fir 20 Stonnen d’Woch op 10 Méint, deen all Schouljoer kann verlängert ginn
  • Eng Plaz déi direkt disponibel ass
  • Arbeitsplatz: Canach resp. an der betreffender Gemeng

Sidd Dir Interessiert? Dann kann dat geschwënn Är Plaz sinn.

Klickt hei fir Äer Bewerbung eranzegin!