Interview mam Félix Koch

De 24. Oktober 2018 wäert d’Verfilmung vun onsem Superheld mat « De Superjhemp Retörns » an de Kino kommen. De Groupe Voyages Emile Weber ënnerstëtzt dëse Projet zesummen mat WEBTAXI als Partner. Mir hunn vun der Geleeënheet profitéiert fir dem Félix Koch, Realisateur vum Film, e puer Froen ze stellen.

Félix, wéi bass du op d’Iddi komm, de SUPERJHEMP ze verfilmen?

Déi ganz Aventure ass schonns 2011 lassgaange wéi de Claude Waringo, Produzent vum Film, sech d’Rechter fir eng Superjhemp-Verfilmung geséchert huet. Hien ass dunn am September op mech duerkomm an huet mech gefrot, ob ech wéilt en Dréibuch schreiwen an de Film herno och realiséieren.

 

Wéi hues de op dat Angebot reagéiert?

Ech hunn direkt akzeptéiert! Ech si selwer grousse Fan vum Superjhemp an ech ka mech erënneren, wéi ech am Lycée war, gouf et schonns Gerüchter iwwert eng méiglech Verfilmung. Wéi sech dann dës grouss Chance erginn huet, war ech natierlech direkt dobäi.

 

An dunn ass et also lassgaangen?

Genau, zesumme mam Claude Waringo hunn ech ugefaangen eng Out-Line z’entwéckelen, dat heescht also en Resumé vun enger Geschicht op där mir herno konnte weiderschaffen.

 

De Félix Koch bei der Aarbecht

 

De Lucien Czuga an de Roger Leiner si jo d‘Pappe vum Superjhemp. Hutt Dir mat hinnen zesummegeschafft?

Effektiv, mir hunn deenen zwee d’Basis-Geschicht presentéiert an si hunn och hiren Input ginn. Vun deen Ament un waren déi zwee och ëmmer mat dobäi. Enn 2016 ass de Roger Leiner onerwaart gestuerwen, wat wierklech en grousse Verloscht fir eis war.

De Film wäert och ganz am Univers vum Lucien Czuga an vum Roger Leiner spillen, trotzdeem hunn mir eis e puer Fräiheete geholl. Een Ënnerscheed zu der BD wäert dee sinn, datt bei der BD de Personnage vum Superjhemp ëmmer d’selwecht bleift. Am Film ass dat anescht: de Personnage vum Superjhemp entwéckelt sech am Laf vum Film méi weider, wéi dat an de BD'en normalerweis de Fall ass. Och dem Superjhemp seng Famill spillt eng vill méi grouss Roll.

Wat een och muss soen ass datt een net muss de Superjhemp kenne fir de Film ze kucken. Dat gëtt also en Film fir all Mënsch, Fan oder net, fir grouss a kléng

 

De Film ass mat Hëllef vum Filmfong entstanen. Wéi séier konnt Dir de Filmfong fir dëse Projet iwwerzeegen?

U sech ginn et 3 Phasen, bei der éischter, der „Aide à l’écriture“ geet et drëms Hëllef bei der Entwécklung vum Skript ze kréien. Wann déi Etapp ofgeschloss ass geet et mat der „Aide au développement“ weider. Do gëtt dann d’Crew zesummegestallt, gëtt e Casting gemaacht, asw. Wann dann de Budget an d’Finanzéierung stinn, da geet et an déi lescht Phase, d‘“Aide à la production“. Dat ass fir e Realisateur déi spannendsten Zäit well do entscheet sech op de Film entsteet oder net. Ech ka mech nach erënnere wéi de Claude mir ugeruff huet a gesot huet datt de Projet duerch ass. Mir waren allen zwee mega happy an hunn natierlech och eng Fläsch Schampes opgemaacht.

 

Wéini huet den Tournage ugefaangen a wéi laang huet dee gedauert?

Den Tournage selwer ass am Mäerz 2017 lassgaangen an huet 6 Woche gedauert. Bei dësem Film huet d’Postproduktioun méi laang gedauert. Dofir ginn et zwou Ursaachen: mir hunn hei en Superhelden-Film mat ville Visual Effects déi mir integral zu Lëtzebuerg maache wollten. Dofir hunn mir op NAKO, eng lëtzebuerger Firma déi an deem Gebitt spezialiséiert ass, z‘réckgegraff. Well déi Equippe relativ kléng ass konnten déi da méi laang schaffen. Déi zweet Ursaach ass datt an engem Superheldefilm d'Postproduktioun am Allgemengen ëmmer méi opwänneg ass: De Montage, de Sounddesign, de Bruitage, d'Grafiken, d'Synchronisatioun, asw.

Mir si souguer bis op Budapest gefuer fir d’Filmmusek, also de Score, opzehuelen. Dat war en immens flotte Moment well mir do mat engem Orchester vu 40 Leit zesummegeschafft hunn.

 

Tournage an engem Emile-Wibbel-Linnebus

 

Gëtt et eng Anekdot oder witzeg Geschicht déi beim Tournage passéiert ass?

Där ginn et der mega vill! Zwou fale mir elo spontan an: um Set hunn mir mat engem Hond gedréint an do rechent een ëmmer domat datt dat déck komplizéiert geet. Bei eis war dat ganz anescht: den Hond huet beim éischten Take alles genau richteg gemaacht, mee hien huet et just eemol gemaacht. Dat war relativ witzeg.

Bei enger anerer Zeen war de Jules Werner, deen am Film matspillt, an der Stad op enger Festungsmauer. Hien war natierlech ofgeséchert fir net erofzefalen. Dat hunn verschidde Leit awer net gesinn an hunn dowéinst d’Police geruff.

Mee u sech war all Tournage ëmmer ganz flott an d’Ambiance war och ëmmer…super!

 

De Film kënnt de 24. Oktober 2018 an de Kino – wéi fills du dech elo wou de Film fäerdeg ass?

U sech ginn et als Realisateur e puer riseg Momenter: déi Zäit wou d’Musek opgeholl gëtt, deen Ament wou den Trailer erauskënnt, an dann, dee groussen Dag wou am Kino d’Luuchten ausginn an du als Realisateur weess, de Film ass elo net méi mäint mee gehéiert elo den Spectateur’en. Dann weess ech datt meng Aarbecht fäerdeg ass.

 

Ginn et nach aner Projet’en wéi de Superjhemp un deenen’s du geschafft hues oder nach ëmmer schaffs?

Déi lescht Joren hunn ech selbstverständlech och un anere Saache geschafft wéi nëmmen de Superjhemp. Als Realisateur bass de e bësse wéi en Kach: du hues ëmmer e Puer Saachen an der Pan. Am Mäerz vun dësem Joer hunn ech zwou Folge vum Großstadtrevier realiséiert, déi am Dezember an am Januar op der ARD ausgestraalt ginn. Fir d’Zukunft schaffen ech elo schonns un weidere Projet’en sou datt et weiderhi spannend bleift.

 

Villmools Merci fir den Interview Félix!